top of page
Landschaft im Müllertal

Dobausse feieren

Modalitéiten

D‘Feieren fanne bei all Wieder statt. Eenzeg bei Stuerm a Wiedere gëtt d’Veranstaltung aus Sécherheetsgrënn vun Naturzäit ofgesot, falls noutwendeg och ganz kuerzfristeg. Mir sichen dann zesummen no engem neien Termin.

​

Dir bréngt d’Iessen a Gedrénks mat. Naturzäit suergt fir Telleren, Becheren an Zerwéiten. Naturzäit stellt och e Bollerwagen fir den Transport vum Iessen a Gedrénks zur Verfügung. Alternativ huelt Dir d’Saachen an ärem Rucksak mat.

​

Am Package mat dran sinn och Aluedungskaarten fir är Gäscht.

​

​

​

​

​

Bei Kannergebuertsdeeg begleeden d’Eltere vum Gebuertsdagskand d’Kanner. D'Elteren hunn d'Opsiichtspflicht.

​

​​Fir e Gebuertsdagsfest ze reservéieren, gitt Dir folgendermoossen vir:

1. Formular "Ufro fir e Gebuertsdag" ausfëllen an zréckschécken

2. Naturzäit mëllt sech bei iech fir den Datum festzehalen

3. Naturzäit schéckt Iech de Kontrakt an d'Rechnung fir den Acompte zou

4. Fir d'Reservéierung ze bestätege schéckt Dir de Kontrakt ausgefëllt zréck an iwwerweist den Acompte innerhalb vu 14 Deeg: den Datum ass fir iech reservéiert

5. Naturzäit schéckt Iech e Flyer fir Informatiounen fir d'Gäscht

6. 1 Woch virdrun: Dir bezuelt déi reschtlech 50% op Rechnung

7. Dag J: Äert Kand verbréngt e flotten Nomëtteg mat senge Frënn a Famill am Bësch!

cartes_inviation_naturzait
bottom of page