top of page
IMG_20240224_101547.jpg
Visioun

Visioun vun Naturzäit

Naturzäit ass en Häerzensprojet. Naturzäit ass aus dem perséinlechen Wonsch entstanen, Deel vun enger Gemeinschaft ze sinn, déi naturverbonnen a friddlech zesumme lieft. Eng Gemeinschaft an däer Menschen sech op Aanhéicht begéinen. Eng Gemeinschaft an däer jiddereen d’Geleeënheet huet seng Stärkten ze entwéckelen an dës Stäerkten abbrénge dierf. Eng Gemeinschaft, déi sech bewosst ass, dass mir Mënschen Deel vun der Natur sinn. Eng Gemeinschaft, déi dat aalt Wëssen vun eise Virfaren würdegt, am Alldag uwend a weidergett. Eng Gemeinschaft, déi déif verwuerzelt ass mat der Äerd an an däer hier Menschen gesond Bezéiungen zu sech selwer, zu hiere Matmënschen an zur Natur pflegen.

Naturzäit bréngt Menschen an der Natur zesummen, ronderem e Feier, ënnert dem Schutz vum Bliederdach. Mir eegnen eis handwierklecht Fähegkeeten un, sammelen d'Schätz vun der Natur, spieren eise Kierper, schärfen eis Sënner, liesen d’Natur, lauschteren eise Matmënschen no, kachen um Feier an nach villes méi.

Michèle

Wien stécht hannert Naturzäit?

Mäi Numm ass Michèle Thinnes an ech leeden Naturzäit. D'Iddi fir d’Naturzäit ass wärend Waldpedagogik Couren a mengem Studium vun de Forstwissenschaften Ufanks den 2000er Jore entstanen. Schonn deemools hat ech de Wonsch Mënschen an d’Natur ze begleeden. Et sollt awer du nach sou munch Joren dauere bis de Moment a mengem Liewe komm war, fir dëse Wonsch a Wierklechkeet emzesëtzen.

Meng Weiderbildungen als Wildnispedagogin (Wildnistraining.de), Naturpedagogin (Naturschule Deutschland), Mëllerdall Outdoor and Adventure Guide (Youth hostels Luxembourg) a mäi permanente Virwetz Neies iwwert d’Natur an de Mënsch ze léieren, erlabe mir mäi Wëssen haut mat Mënschen ze deelen. Säit 2021 ginn ech meng Begeeschterung fir d’Natur am Kader vun Naturzäit weider.

Standuerter

Standuerter vun Naturzäit

D’Aktivitéite vun Naturzäit fanne gréisstendeels an der Regioun Mëllerdall am Oste vu Lëtzebuerg statt. Den Uert ass bei der jeweilegen Aktivéit am Kalenner uginn.

 

D'Bëschspillgruppen a Wildnisgruppen trëffen sech um Frombuerger Haff. De Frombuerger Haff läit am Natur- a Geopark Mëllerdall, um Bord vum Haardt-Bësch: Frombuerger Haff ​L-6572 Osweiler

Personaliséiert Atelieren fir Gruppen kënnen am Bësch vum Frombuerger Haff stattfannen oder op engem naturnoen Terrain, deen der Grupp zur Verfügung steet.

bottom of page