Erliefnisser fir Familljen
Gemeinsam Zäit fir Grouss a Kleng an der Natur.

Erliefnisser fir Familljen
Freideg 29. Mee 2026, 14h30-17h00Fir Familljen mat Kanner vun 3-10 Joer: Spillmëtteg am Bësch
Plaz fir ze rennen, Naturschätz fir ze entdecken, Material fir ze bauen, aner Kanner, eng Hängematt fir ze raschten, eng Bëschkichen: dat alles an nach esou vill méi bitt dëse Spillmëtteg am Bësch vum Frombuerger Haff. D‘Elteren dierfe mat hire Kanner spillen a werkelen an sech awer och Zäit huele fir d’Rou vum Bësch ze genéissen an sech mat aneren Elteren auszetauschen. Et ass bewosst e Mëtteg mat vill Fräiraum, sou dass jiddereen d’Zäit sou notze ka wéi en et grad brauch. Et gëtt e klenge Snack vum Feier a mir schléissen den Nomëtteg mat enger Geschicht of. En herrlech entspaante Mëtteg fir déi ganz Famill.Bësch vum Frombuerger Haff, Uesweiler.40€/Koppel Kand-Erwuessenen, inkl. Snack vum Feier.
