Erliefnisser fir Erwuessener
Sech äerden. Zur Rou kommen. D’Elementer spieren. Mat den Hänn eppes erschafen.
Zäitlos sinn. Nolauschteren. D’Natur schmaachen. Dankbar sinn.

Erliefnisser fir Erwuessener
D’Naturzäit-Ateliere fir Erwuessener bidden dir d’Méiglechkeet dech op dat Wesentlecht ze besënnen, dech mat der Natur an dir selwer ze verbannen, souwéi Gemeinschaft ze liewen.
Samschdeg 25. Juli 2026, 9h30-12h00Fir Erwuessener: DIY Sallef & Tinktur 100% natierlechDe Summer ass um Héichpunkt a mir notzen d’Kraaft vun de wëlle Planzen am Frombuerger Gaart fir eis eng Sallef an eng Tinktur ze maachen. Dir kritt e gudden Iwwerbléck iwwert déi Planzen, déi am Juli hei ze fanne sinn a iwwert hier Notzung am Alldag. Jiddereen hellt eng Sallef an eng Tinktur mat heem.Gaart vum Frombuerger Haff, Uesweiler.
35€ inkl. Material
