top of page

Erliefnisser fir Kanner & Jonker

Duerch de Bësch an d’Natur zéien, zesumme mat anere Kanner a Jonker. D’Natur entdecken an dobäi sech selwer kenneléieren. Spillen, staunen, Zäit versträiche loossen. Seng Grenze sichen, fannen an auswäiten, am eegene Rhythmus. Fräi sinn. Einfach dobausse sinn.

​​​​​

Naturzäit bitt Bëschspillgruppen, Wildnisgruppen a Vakanzenatelieren fir Kanner a Jonker

vun 2 bis 13 Joer un.

waldgruppe
Bëschguppen

Bëschspillgruppen & Wildnisgruppen 2025/26

Zesummen erliewe mir de Bësch an d’Natur bei all Wieder an am Rhythmus vun de Joreszäiten. D’Natur ronderëm de Frombuerger Haff bidd eng grouss Vilfalt un Themen. An de Bëschspillgruppe gëtt gespillt, gefuerscht, geklotert, entdeckt, ausprobéiert, gelaacht, gerascht, gerolzt, gebaut, ... D’Kanner dierfen sech an dat verdéiwe wat dee Moment spannend fir si ass. Si kréien bei all Treffen een Atelier virgeschloen. Et steet de Kanner fräi dëse Virschlag unzehuelen oder awer hiren eegen Iddien nozegoen. D’Zesummesinn erméiglecht de Kanner Kooperatioun, sozial Kompetenzen a Kommunikatioun ze entwéckelen a léisst Frëndschaften, Verantwortung a Verbonnenheet entstoen. Déi 2-6-Järeg ginn dobäi vun hieren (Grouss-)Elteren begleet.

​​

An de Wildnisgruppen verbréngen d'Kanner regelméisseg Zäit zesummen dobaussen: Gemeinschaft liewen, all d'Joreszäiten "live" erliewen, vill Zäit fir einfach ze sinn, ouni Leeschtungsdrock, an awer vill Méiglechkeeten hunn sech selwer auszeprobéieren an Neies ze léieren: Feier maachen, handwierken, Planze verschaffen, an der Hängematt leien an nach esou vill méi. D'Wildnisatelieren fannen eemol de Mount statt a sinn en idealen Ausglach zum Schoulalldag.

D’Bëschspillgruppen an d'Wildnisatelieren fanne wärend de Schoulzäiten bei all Wieder statt (ausser Stuerm a Wiederen). D’Umeldungen  gi fir e Schouljoer gemaach a gëllen vu September bis Juli dat Joer drop. An de Schoulvakanzen fanne keng Bëschgruppe statt.

Ab September 2025 ginn et folgend Bëschgruppen:

Bëschspillgruppen fir kleng Kanner mat hieren (Grouss-) Elteren:

ZWERGEN, 4-6 Joer:

Donneschdes 15.30-17.00 Auer. All 2 Wochen an der Schoulzäit. 18 Treffen fir 2025/2026.

Datumer: 25.9./9.10./23.10./13.11./27.11./11.12.2025/8.1./22.1./5.2./26.2./12.3./26.3./16.4./30.4./21.5./11.6./25.6./9.7.2026

Energieausgläich: 295€

 

Wildnisgruppen fir méi grouss Kanner, ouni Begleedung:

 

RIISEN, 9-13 Joer: 

Samschdes 14h00-18h00

11x/Joer: 20.9./18.10./15.11./13.12.2025/10.1.2026/7.2./7.3./18.4./16.5./13.6./4.7.2026

Energieausgläich: 480€

Vakanzatelieren

​An de Schoulvakanzen fanne regelméisseg Vakanzenaktivitéiten statt, dëst ënnert dem Motto: Dobausse sinn – Frënn fannen – Abenteuer erliewen. Et ginn Aktivitéiten, déi hallef- a ganzdags fir Kanner ouni Elteren stattfannen, dëst ab 7 Joer. Desweideren ginn et Aktivitéiten fir Familljen, hallef- oder ganzdags, fir gemeinsam Momenter mat der Famill a mat anere Familljen an der Natur ze erliewen.

 

Freideg 29. Mee 2026, 14h30-17h00
Fir Familljen mat Kanner vun 3-10 Joer: Spillmëtteg am Bësch

Plaz fir ze rennen, Naturschätz fir ze entdecken, Material fir ze bauen, aner Kanner, eng Hängematt fir ze raschten, eng Bëschkichen: dat alles an nach esou vill méi bitt dëse Spillmëtteg am Bësch vum Frombuerger Haff. D‘Elteren dierfe mat hire Kanner spillen a werkelen an sech awer och Zäit huele fir d’Rou vum Bësch ze genéissen an sech mat aneren Elteren auszetauschen. Et ass bewosst e Mëtteg mat vill Fräiraum, sou dass jiddereen d’Zäit sou notze ka wéi en et grad brauch. Et gëtt e klenge Snack vum Feier a mir schléissen den Nomëtteg mat enger Geschicht of. En herrlech entspaante Mëtteg fir déi ganz Famill.Bësch vum Frombuerger Haff, Uesweiler.
40€/Koppel Kand-Erwuessenen, inkl. Snack vum Feier.

Donneschdes 23. Juli 2026, 10h00-16h00
Fir Kanner vun 8-12 Joer: Wildniscamp

E Vakanzendag am Summer am Bësch:  spille, schläichen, lauschteren, handwierken, raschten, zäitlos sinn. Mir genéissen d’Sonn, oder lauschteren dem Reen op de Blieder no. Mir spille wëll Spiller a schnitzen. Mëttes picknicke mir zesummen, maachen d’Feier un an am Nomëtteg genéisse  mir e klenge Snack vum Feier, ier et midd et glécklech heem geet. Sou wéi e Vakanzendag am Summer soll sinn.
Bësch vum Frombuerger Haff, Uesweiler, fir Kanner vu 8-12 Joer ouni Begleedung. 
65€/Kand inkl. Nomëttessnack vum Feier.

Vakanzatelieren
Umeldung VK Kanner

Umeldung

Aktivitéit

Nom Umelle kriss du per Email eng Umeldebestätegung zougeschéckt. D’Participatiounskäschte si mam Erhale vun dëser Umeldebestätegung innerhalb vun 8 Deeg ze bezuelen. Eréischt dann ass deng Umeldung verbindlech. Nom Bezuele kriss du deng Rechnung mat weideren Informatiounen zu der Veranstaltung. D'Geschäftsregele mat den Annulatiounskonditiounen fënns du ënnen op der Säit an der Foussnotiz.

Umeldeschluss ass jeeweils 7 Deeg virdrun
bottom of page