Kalenner 2026
En Iwwerbléck vun de kommenden Aktivitéiten.

2026
Freideg 29. Mee 2026, 14h30-17h00
Fir Familljen mat Kanner vun 3-10 Joer: Spillmëtteg am Bësch
Plaz fir ze rennen, Naturschätz fir ze entdecken, Material fir ze bauen, aner Kanner, eng Hängematt fir ze raschten, eng Bëschkichen: dat alles an nach esou vill méi bitt dëse Spillmëtteg am Bësch vum Frombuerger Haff. D‘Elteren dierfe mat hire Kanner spillen a werkelen an sech awer och Zäit huele fir d’Rou vum Bësch ze genéissen an sech mat aneren Elteren auszetauschen. Et ass bewosst e Mëtteg mat vill Fräiraum, sou dass jiddereen d’Zäit sou notze ka wéi en et grad brauch. Et gëtt e klenge Snack vum Feier a mir schléissen den Nomëtteg mat enger Geschicht of. En herrlech entspaante Mëtteg fir déi ganz Famill.Bësch vum Frombuerger Haff, Uesweiler.
40€/Koppel Kand-Erwuessenen, inkl. Snack vum Feier.
Donneschdes 23. Juli 2026, 10h00-16h00
Fir Kanner vun 8-12 Joer: Wildniscamp
E Vakanzendag am Summer am Bësch: spille, schläichen, lauschteren, handwierken, raschten, zäitlos sinn. Mir genéissen d’Sonn, oder lauschteren dem Reen op de Blieder no. Mir spille wëll Spiller a schnitzen. Mëttes picknicke mir zesummen, maachen d’Feier un an am Nomëtteg genéisse mir e klenge Snack vum Feier, ier et midd et glécklech heem geet. Sou wéi e Vakanzendag am Summer soll sinn.
Bësch vum Frombuerger Haff, Uesweiler, fir Kanner vu 8-12 Joer ouni Begleedung.
65€/Kand inkl. Nomëttessnack vum Feier.
Samschdeg 25. Juli 2026, 9h30-12h00
Fir Erwuessener: DIY Sallef & Tinktur 100% natierlech
De Summer ass um Héichpunkt a mir notzen d’Kraaft vun de wëlle Planzen am Frombuerger Gaart fir eis eng Sallef an eng Tinktur ze maachen. Dir kritt e gudden Iwwerbléck iwwert déi Planzen, déi am Juli hei ze fanne sinn a iwwert hier Notzung am Alldag. Jiddereen hellt eng Sallef an eng Tinktur mat heem.
Gaart vum Frombuerger Haff, Uesweiler.
35€ inkl. Material
