top of page

Erliefnisser fir Gruppen

De Klassesall, d’Jugendhaus, de Büro, de Proufraum an all aner zouene Raum tausche mat engem Bliederdach iwwert dem Kapp, vill Plaz fir sech ze beweegen, frëschem Wand fir duerchzeootmen a sech ze Kapp durchpusten ze loossen. Dobäi e Programm, dee perséinlech op deng Grupp ugepasst gëtt. Wier dat näischt fir deng Schoulklass, deng Ekipp, däi Jugendhaus, däi Veräin oder däi Frëndeskrees?

IMG_20230701_105647.jpg

Perséinleche Programm fir Gruppen

Op Ufro entwéckelt Naturzäit e spannenden an ofwiesslungsräichen Dag fir dech an deng Grupp. ​Fir sech eng Virstellung vun de Méiglechkeete vun engem Dag ze maachen, proposéiert Naturzäit hei eng Auswiel un Themen.

 

Méiglech Themen:

  • Survival: Feier maachen, Waasserfilter bauen, Hütt bauen...

  • Wëllplanzen: Heelplanze kënne léieren, Sallwen & Tinkturen hierstellen, mat Wëllplanzen kachen...

  • Naturhandwierk: Schossel mat Glous ausbrennen, schnitzen, Schnéier dréinen...

  • Uechtsamkeet: de Moment wouer huelen, sech äerden a Kraaft sammelen...

All Programm gëtt op d’Grupp zougeschnidden a riicht sech no der Ufro, der Zesummesetzung vun der Grupp, der Saison an dem Zil vum Programm. Kontaktéiert w.e.g. Naturzäit fir eng personaliséiert Offer ze kréien.

Personaliséiert Atelieren fir Gruppen kënnen am Bësch vum Frombuerger Haff am Mëllerdall stattfannen oder op engem naturnoen Terrain, deen iech als Grupp zur Verfügung steet.

​​

bottom of page