top of page
IMG_20210610_163412_s.jpg
Kannergruppen

Bëschgruppen fir Kanner & Wildnisatelieren fir Jonker

Zesummen erliewe mir de Bësch an d’Natur bei all Wieder an am Rhythmus vun de Joreszäiten. D’Natur ronderëm de Frombuerger Haff bidd eng grouss Vilfalt un Themen. An de Bëschgruppe (2-10 Joer) gëtt gespillt, gefuerscht, geklotert, entdeckt, ausprobéiert, gelaacht, gerascht, gerolzt, gebaut, ...

D’Kanner dierfen sech an dat verdéiwe wat dee Moment spannend fir si ass. Si kréien all Woch en Atelier virgeschloen. Et steet de Kanner fräi dëse Virschlag unzehuelen oder awer hiren eegen Iddien nozegoen.

An de Wildnisatelieren fir déi 7-14 jähreg gëtt Wëssen iwwert d'Liewen mat an an der Natur vermëttelt. Dëst geschidd ënnert aanerem beim Schnitzen, handwierklechem Schaffen, Nature journaling, Kachen mat Wëllkräider, Spiller an nach villem méi.

D’Natur ronderëm de Fromburger Haff ass dobäi eis Kuliss, befligelt eis Fantasie a reegt eis Sënner un. D’Zesummesinn erméiglecht de Kanner Kooperatioun, sozial Kompetenzen a Kommunikatioun ze entwéckelen a léisst Frëndschaften, Verantwortung a Verbonnenheet entstoen.

D’Kanner- a Jugendgruppe fannen bei all Wieder statt (ausser Stuerm a Wiederen). D'Sprooch an de Kannergruppen ass lëtzebuergesch.

 

HIERSCHT/WANTER 2023/24

 

Ab dem Hierscht 2023 fanne folgend Bëschgruppen fir Kanner a Wildnisatelieren fir Jonker statt:

  • Wiichtelen, 2-4 Joer, mat hieren (Grouss-) Elteren: Mëttwochs 9.30-11.00 Auer, 1x/Woch an der Schoulzäit (ausgebucht)

  • Zwergen, 3-5 Joer, mat hieren (Grouss-) Elteren: Samschdes 9.00-10.30 Auer, 8x/Joer: 23.9./11.11./9.12.2023/20.1./24.2./23.3./4.5./22.6.2024 (ausgebucht)

  • Kobolden, 5-10 Joer: Donneschdes 14.30-16.30 Auer, 1x/Woch an der Schoulzäit (ausgebucht)

  • Risen, 7-14 Joer, Samschdes 11.15-15.15 Auer, 8x/Joer: 23.9./11.11./9.12.2023/20.1./24.2./23.3./4.5./22.6.2024

Mutter mit Mädchen im Wald
Familljenerliefnisser

Familljenerliefnisser

Dës punktuell Aktivitéite fir Famillje fanne wärend de Schoulvakanzen an de Weekender statt. All Aktivitéit steet ënnert engem Thema, z.B. Fréijoer, Villercher, Waasser, asw. Hei léiert een nei Saachen, et schafft ee mateneen, begéint aner Kanner a Familljen ... an huet eng gutt Zäit zesummen dobaussen.

Nei Datumer fir Familljenerliefnisser fannt Dir geschwënn op dëser Plaz an an der Newsletter.

 

IMG_20200715_162107_2.jpg
Dobausse feieren

Dobausse feieren

Gebuertsdag an aner Geleeënheeten emol anescht feieren: Erlieft e spannenden an erliefnisräichen Nomëtteg mat Famill a Frënn zesummen dobaussen!

240€ pro Grupp fir dräi Stonnen (fir 10 Persounen).

All Kannergebuerstdag gëtt individuell geplangt. Folgend Themen stinn zur Auswiel :

Outdoor Abenteuer (ab 7 Joer)

Hütte bauen, schnitzen, Kurelbunne bauen… - dat mécht Spaass! Duerch spannend Aktiounen an abenteuerlech Spiller am Bësch hutt dir d’Geleeënheet iech richteg auszepoweren an eng erliefnisräich Zäit mat äre Frënn ze verbréngen.

Survival (ab 9 Joer)

Du wolls schonn ëmmer emol wësse wéi een een oder e puer Deeg an der Natur ouni vill Hëllefsmëttel liewe kinnt? Wat sinn deng Grondbedierfnisser? Wat solls du derbäi hunn? Wou schléifs du? Op dësem interessanten Nomëtteg kriss du an deng Frënn en éischten Ableck an dëst interessant Thema an dir kënnt villes selwer ausprobéieren.

Konscht & Natur (ab 5 Joer)

Äscht, Blieder, Eechelen, Zapfen, Käschten, Steng, Buedem… D’Natur bitt eng riseg Vilfalt u Materialie mat ënnerschiddleche Formen, Faarwen, Gréissten an Texturen. Vu Mandala leeën iwwer Biller wiewe bis zu Bamgesiichter zauberen, der Fantasie si keng Grenze gesat. Mir sammele Material fir d’Konschtwierker, verdéiwen eis an eis Projeten a staunen duerno wat alles zu stan komm ass.

Spillmëtteg am Bësch ( 4 -6 Joer)

Fir déi Jengsten ass de Bësch eng grouss Spillplatz. Zesumme mat hiere Frënn kënnen si dësen Dag de Bësch entdecken, buddelen, Insekten sichen, gemittlech an der Hängematt leien an nach villes méi. De gréissten Deel vum Nomëtteg steet fir d'Fräispill zur Verfügung, ganz einfach well et dat ass wat d'Kanner am meeschten an deem Alter froen a brauchen. Am Bësch si fest Atelieren installéiert déi si fräi benotzen dierfen.

Wonnerwelt Bësch (ab 5 Joer)

Wien huet dann do um Bam geknabbert? A wiem säi Foussofdrock ass dat do am Bulli? Wéi vill Insekte liewen op engem Quadratmeter Bëschbuedem? A firwat wuessen am Bësch sou wéineg Blummen? Froen iwwer Froen iwwert de spannende Liewensraum Bësch. Mir maachen eis mat oppenen Aen a gespëtzten Oueren, Lupp a Spektiv op de Wee.
 

Gruppenufro
IMG_20211014_155208_s.jpg

Natur- a Wildnisatelieren fir Gruppen op Ufro

Naturzäit schafft iech deen Atelier  aus deen Dir iech wënscht, fir är Schoulklass, Maison relais, Veräin an all anere Grupp! Vu Feier maachen an Hütte bauen iwwert schnitzen, Geschichten erzielen, Konscht am Bësch bis zu Sënneserfahrungen an nach villes méi. Fir Jonk a manner Jonk, e puer Stonnen oder de ganzen Dag, mat Picknick oder Kachen um Feier.

Bei Interessi mëllt iech per Telefon oder iwwert de Formular.

 

Fir de Grouss
IMG_20230701_091749.jpg

Fir déi Grouss

Zur Rou kommen, d'Naturschätz virun eiser Hausdier entdecken, kennen a schätze léieren, einfach nëmme frësch Loft schnapen a léiwer Gesellschaft an an an... Grënn fir sech Zäit fir sech selwer ze huelen, dobaussen, am Bësch, ginn et der vill. Naturzäit begleet iech mat Freed dobäi.

Keng geplangten Atelieren demnächst. Nei Datumer op dëser Plaz oder direkt per Newsletter an ärer Emailboite.

 

 

bottom of page