top of page

Allgemeng Geschäftsregelen

Bezuelbedingungen

De Client mellt sech online fir eng Veranstaltung un. Des Umeldung gëtt verbindlech duerch eng schrëftlech Umeldebestätegung per Email vun Naturzäit an d’Iwwerweisung vun de Participatiounskäschte vum Client un Naturzäit. D’Participatiounsfraisen fir d’Veranstaltung ass no Erhalt vun der Umeldebestätegung innerhalb vun 8 Deeg op de genannte Konto ze bezuelen.

 

Annulatioun

Bei enger Ofmeldung duerch de Client bis zu 8 Woche virun der Veranstaltung gi 35€ Bearbechtungsfraisen vun Naturzäit verrechent. Bei enger Ofmeldung duerch de Client tëschent 8 an 2 Woche virun der Veranstaltung gi 70€ Bearbechtungsfraisen vun Naturzäit verrechent. Bei enger Ofmeldung duerch de Client manner wéi 2 Woche virun der Veranstaltung gi 50 % vun de Veranstaltungskäschten als Bearbechtungsfraisen vun Naturzäit verrechent. De Solde Participatiounskäschten minus Bearbechtungsfraisen gëtt dem Client rembourséiert. Bei Participatiounskäschten ënnert 70€ gëtt e Pauschalbetrag vun 35€ Bearbeechtungsfraisen verrechent.

Naturzäit kann eng Veranstaltung ofsoen, wann sech net genuch Leit ugemellt hunn, oder aus anere wichtege Grënn (Erkrankung vum Veranstaltungsleeder, héicher Gewalt (z.B. Meteoprevisiounen, déi d’Sécherheet vun de Clienten gefäerden)). Bei enger Ofso duerch Naturzäit gëtt de Client informéiert. Frais’en vun der Veranstaltung ginn dem Client an deem Fall rembourséiert. Schuedenersatz kann net heifir gefroot ginn.

 

Service

D’Veranstaltunge sinn op der Internetsäit vun Naturzäit beschriwwen. Naturzäit huet d’Recht, de Programm op d’Wieder an op d’Participant’en ofzestëmmen. D’Participant’en si verpflicht de Sécherheetsuweisungen vum Veranstaltungsleeder nozekommen.

 

Stand: Januar 2025

bottom of page