top of page
iStock-1166775866_medium3.jpg
logo_white_large.png

Naturerliefnisser fir

Kleng a Grouss

Dat ass Naturzäit

Am Mëttelpunkt vun Naturzäit stinn d’Mënschen an d’Natur. Naturzäit bitt Kanner, Jonken an Erwuessene Raum an Zäit, d’Natur duerch eegen Erfarungen ze erliewen. D’Ziler sinn d’Entwécklung vun enger Naturverbonnenheet souwéi d’Stäerkung vum Selbstvertrauen, d’Ureegung vun der Fantasie, d’Entfalung vun der Kreativitéit an d’Entwécklung vun de soziale Kompetenzen, der Widderstands- a Kooperatiounsfäegkeet.

Frühlingswald mit Kindern im Bachbett
Baked Goods
Baked Goods

Kanner- a Jugendgruppen

Entdecken, spillen, Geschichte lauschteren, Villercher beobachten an am Buedem buddelen. Feier maachen, schnitzen, Wëllkräider kenne léieren a sammelen. Selwer gestalten, seng Grenzen erweideren, zesumme mat anere Kanner a Jonken oder op eege Fauscht, bei Sonn a Reen, bei Schnéi an Niwwel. Dat sinn d’Kanner- a Jugendgruppe vun Naturzäit.

Mutter mit Mädchen im Wald

Fir déi Grouss

Zur Rou kommen, d'Naturschätz virun eiser Hausdier entdecken, kennen a schätze léieren, einfach nëmme frësch Loft schnapen a léiwer Gesellschaft an an an... Grënn fir sech Zäit fir sech selwer ze huelen, dobaussen, am Bësch, ginn et der vill. Naturzäit begleet iech mat Freed dobäi.

Gewebte Naturbilder in Holzrahmen
Zwei Mädchen spielend im Wald

Familljenerliefnisser

Duerch de Bësch an d’Natur zéien, zesumme mat der Famill. Neits entdecken an vläicht Albekanntes erëm entdecken. Momenter an der Natur genéissen. Spillen, staunen, Zäit zesummen dobaussen verbréngen. Dat sinn d’Familljenerliefnisser vun Naturzäit.

IMG_20210930_162928_s_edited.jpg

Dobausse feieren

Gebuertsdag an aner Geleeënheeten emol anescht feieren: mat Frënn a Famill zesummen en erliefnisräichen Nomëtteg dobausse verbréngen. Aktiv, lëschteg, kreativ, spannend, opreegend a mat vill Freed organiséiert. Dat sinn d’Fester vun Naturzäit.

IMG_20210506_163605_s2.jpg
Ein natürliches Mädchen

Iwwert mech

Mat der Grënnung vun Naturzäit hunn ech mir e laangjärege Wonsch erfëllt: meng Begeeschterung fir d’Natur, a besonnesch fir de Bësch, mat anere Mënschen ze deelen. Ech well Raum an Zäit fir Kanner a Familljen dobaussen schafen. Ech gesi meng Roll doranner Kleng a Grouss an der Natur ze begleeden, Naturerliefnisser ze erméiglechen an hinnen d’Natur méi no ze bréngen. Dobäi stellen ech de Kader, maache Virschléi, riichte mech nom Spill, observéieren, gi keng fäerdeg Äntwerten, mee stëppelen de Virwëtz, ënnerstëtzen, fërderen d’Kooperatioun a virun allem, ginn déi Zäit déi noutwendeg ass. Mir ass et wichteg, dass meng Naturerliefnisser vu Begeeschterung, Einfachheet, Aktivitéit, openeen Uecht ginn a Vertraue gepräägt sinn.

IMG_1526_2.jpg
bottom of page