Naturzäit bidd Bëschspillgruppen a Wildnisatelieren fir Kanner a Jonker,
Vakanzenatelieren fir Familljen, thematesch Atelieren fir Erwuessener a personaliséiert
Atelieren fir Gruppen dobaussen an der fräier Natur un.
Fir wien sichs du en Erliefnis?
Galerie
En Abléck an d'Liewe bei Naturzäit
Iwwert Naturzäit
Naturzäit ass en Häerzensprojet. Naturzäit ass aus dem perséinlechen Wonsch entstanen, Deel vun enger Gemeinschaft ze sinn, déi naturverbonnen a friddlech zesumme lieft. Eng Gemeinschaft an däer Menschen sech op Aanhéicht begéinen. Eng Gemeinschaft an däer jiddereen d’Geleeënheet huet seng Stärkten ze entwéckelen an dës Stäerkten abbrénge dierf. Eng Gemeinschaft, déi sech bewosst ass, dass mir Mënschen Deel vun der Natur sinn. Eng Gemeinschaft, déi dat aalt Wëssen vun eise Virfaren würdegt, am Alldag uwend a weidergett. Eng Gemeinschaft, déi déif verwuerzelt ass mat der Äerd an an däer hier Menschen gesond Bezéiungen zu sech selwer, zu hiere Matmënschen an zur Natur pflegen.
Naturzäit bréngt Menschen an der Natur zesummen, ronderem e Feier, ënnert dem Schutz vum Bliederdach. Mir eegnen eis handwierklecht Fähegkeeten un, sammelen d'Schätz vun der Natur, spieren eise Kierper, schärfen eis Sënner, liesen d’Natur, lauschteren eise Matmënschen no, kachen um Feier an nach villes méi.

Kontakt

Michèle Thinnes
Wildnispedagogin
Naturpedagogin
Diplom-Forstwirtin
T: +352 621 402 807